EUROPA A SPROOCHRECHTER: mir mussen 2004 handelen!

2004 gët d’Europäesch Unioun méi gouss an et sin Europawalen. Trotzdem bleift de Sproocheproblem ongeléist, verstoppt hannert engem Pseudo-Multiligualismus deen nëmmen deenen 3 mächtegste Sproochen déngt. Wéinst däer Tatsaach riskéiere mir eng Sproochenhegemonie, un däer hirem Enn eng eenzeg Sprooch steet. Dat stellt eng Gefoer fir d’sproochlech a kulturell Diversitéit an Europa duer. Dowéinst ënnerstëtzen ënner anerem d’Esperantisten d’Propose vun enger gemeinsamer (mee net eenzeger) neutraler „Bréckesprooch“, déi de gläiche Respekt fir all d’Sproochen an d’Effikacitéit vun der europäescher Demokratie géif méiglech maachen.

Fir dee But organiséiert sech eng europawäit Manifestatioun fir eng sproochlech Demokratie an Europa. D’Haaptziil vun dëser Aktioun as et (ënner anerem duurch d’Massemedien) sou wäit ewéi méiglech déi sproochlech Aspekter vun Europa zur Sprooch ze bréngen, fir dem Public op des Art a Weis de Problem bewosst ze maachen… an um Enn villäicht d’Politiker fir dëse Problem ze mobiliséieren. Fir dëse But ze erreechen, musse mir vill Leit a faarweg sin, fir e richtegen Effet ze hun. Esperantisten hun dës Manifestatioun initiéiert an all d’Esperanto-Associatiounen an Europa wäerten an hiere respektive Regiounen a Länner iwwert d’Aktioun informéieren.

Den Numm vun der Manifestatioun EUROPA BUNTO bedeit "d’Faarwegkeet vun Europa". Si weist op déi festlech Säit vun dëser villfaarweger Manifestatioun zur sproochlecher Diversitéit hin.

Dës Maniferstatioun wäert also vereenegen:

Plaz: Stroossbuerg (Frankräich) niewent dem Europäesche Parlament an dem Europäesche Conseil

Datum: Sonnden, den 9. Mee 2004 (Europa-Dag)

Form: Fräie Choix bei der Sprooch an dem Contenu op de Manifestatiounsbanderolen (de Mënschen- an europäesche Biigerrechter entspriechend)

Informatiounsservice: Pressekonferenz mat engem Vertrieder vun all Sprooch; Disponibilitéit vun engem Iwwersetzungsservice an all de representéierte Sproochen

 

CONTENU VUN DËSER WEBSÄIT

Prezento (Presentatioun): generell Presentatioun vun der Manifestatioun an dëser Websäit a villen europäesche Sproochen (Merci am Viraus fir eng Iwwersetzong vun dëser Säit an Déng Sprooch: schéck Déng Iwwersetzong un europa.bunto@eraro.com)

Partneraj asocioj (Partner-Associatiounen): eng Lëscht vun all den Associatiounen (mat hirer Homepage, wa si eng hun) déi hir offiziell Participatioun un der Manifestatioun annoncéiert hun

Kunveturado (Matfueren): Lëscht mat Offeren an Nofroen fir op d’Manifestatioun zu Stroossbuerg matzefueren

Sloganoj & materialo (Slogans & Material): eng Lëscht mat Iddien fir Slogans an d’Manifestatiouns-Banderolen an aner Lackelmëttelen

Dissendolisto (Verdeelerlëscht): Diskussiounslëscht fir d’Organisateure vun der Manif; d’Haaptaarbechtssprooch as Esperanto an Du kanns dës Lëscht abonnéieren andeems s Du en eidele Message un europa-2004-subscribe@yahoogroupes.fr schécks

Kontakto (Kontakt): Kontaktméiglechkeeten fir Froen un d’Organisateuren ("organizantoj") an de Sekretär ("sekretario"), dee fir d’Manif responsabel as a fir Proposen (Matfueren, Slogans, a.s.w.) oder Déng Iwwersetzong un de Web-Master ("TTT-estro")

Ligoj (Links): E puer Links iwwert Europa a Sproochen


(tradukis luksemburgen : Alain May)

Hejmo